Connexion

Agenda

Evènement

Kraiderwanderung

Date de création
Du
-
Catégorie
Emplacement
Place Gymnich
Téléphone
26 30 36 25
D'Stad Diddeleng, hir Ëmweltkommissioun an de SICONA invitéieren Iech häerzlech op hir Kraiderwanderung: Sonndes, den 18. Juni 2017. Rdv um 14.30 Auer op der Place Gymnich zu Butschebuerg. Den Tour dauert ongeféier 2 Stonnen. Dot w.e.g. fest Schong un. Dëse Projet gëtt vum Nohaltegkeetsministère ënnerstëtzt.

Iwwerall dobaussen an der fräier Landschaft, ob an de Wisen, um Weerand oder am Bësch, fanne mir eng spezifesch Vegetatioun, déi op hire Standuert ugepasst ass. Vill vun deene Planzenaarte kann een als Wëllkraider an der Kichen oder als Heelplanz notzen. Mir stellen Iech op dësem Spadséiergank dës Planze vir. Ënnert der Uleedung vun enger Kraiderspezialistin gitt Dir villes iwwer d‘ Notzung vu Wëllkraider gewuer a kritt och di entspriechend Rezepter.


Infos:
Naturschutzsyndikat SICONA
Tel: 26 30 36 25
www.sicona.lu