Connexion

Actualité

Qualité de l'air

Les mesures enregistrées à Dudelange, concernant la qualité de l'air:
PDF > NO2-DUDELANGE-2018.pdf


D'Loftqualitéit am Klimapakt

Säit Januar 2017 hunn d’Gemengen d’Méiglechkeet sech am Kader vum Klimapakt fir hiren Asaz fir eng besser Loftqualitéit zertifiéieren ze loossen.
Baséierend op dem nationale Loftqualitéitsprogramm an a staarker Zesummenaarbecht mat der Ëmweltverwaltung, ass Thematik vun der Loftqualitéit an de Klimapakt integréiert ginn. An dësem Zesummenhang goufen déi Moossnamen am Moossnamekatalog identifizéiert, déi en Afloss op d’Loftqualitéit hunn an och bestoend Moossnamen ugepasst fir méi gezielt d‘Reduzéierung vun de Stéckoxiden (NOx) an dem Feinstaub ze berécksiichtegen.
Doriwwer eraus ass den 10. Januar 2018 eng national Miesskampagne „Besser Loft fir méi Liewensqualitéit“ vun der Ëmweltverwaltung lancéiert ginn. Diddeleng ass dësem Opruff nokomm, op 2 Miesspunkten gi bis Enn 2018 unhand vu Passivtuben d‘Stickoxide gemooss. Des Analyse gi vun der Ëmweltverwaltung ausgewäert an d’Resultater ginn vun der Gemeng publizéiert. De Projet erméiglecht op nationalem Niveau vergläichbar Donnéeën zur Loftqualitéit ze sammelen an d’Gemeng op dësem Wee ze sensibiliséieren an ze motivéieren sech fir eng besser Loftqualitéit anzesetzen.


www.pacteclimat.lu

Prochains evenements Tout l'agenda