Connexion

Agenda

Evènement

Sonic Comic Concert - E Concert an der Bibliothéik

Date de création
Du
-
Catégorie
Emplacement
24 rue du Commerce, L-3450 Dudelange
Organisateur
Bibliothèque publique régionale Dudelange
Téléphone
516121-250


En Donneschden, de 6. Oktober 2016 um 19h00, invitéieren mir Ierch op e flotte Concert an der Bibliothèque publique régionale Dudelange.

Bei dësem spezielle Concert sti Geschichten am Virdergrond, déi iwwert déi 2 Helden (den Dad an den Junior), mä och déi vun den Auteuren, vun der Kreatioun, vun den Zoufäll, an och wéi d’Realitéit d’Imaginatioun beaflosst an heiansdo ëmgedréit.

Dream Catcher spille bei dëser Geleeënheet déi meescht Lidder, och ganz rarer, vun de Sonic Comics. An dem Comic Zeechner kënnt där och iwwert d’Schëller kucken. A vläicht ee flott Bild gewannen. An dat an engem aussergewéinlechen, gemittlechen an intime Kader.

Ab 10 Joer, op Lëtzebuergesch. Dir sidd gebieden aer Plaazen an der Bibliothéik ze réservéieren, d’Virstellung as gratis, mee d'Plaazen sin limitéiert!

Infos & Umellen:
Bibliothèque publique régionale
24, rue du Commerce, L-3450 Dudelange
T 516121 -250 / bibliotheque@dudelange.lu