Connexion

Agenda

Evènement

Glous: eng politesch total onkorrekt Liesung

Date de création
Du
-
Catégorie
Emplacement
CCRD opderschmelz
Téléphone
​GLOUS: ENG POLITESCH TOTAL ONKORREKT LITERARESCH-KABARETTISTESCH LIESUNG VUM A MAM ROLAND MEYER

23.04.2021 | 20:00 | Centre culturel opderschmelz, petit auditoire


“Fréier war alles besser”, gëtt ëmmer nees gesot, dobäi war villes gutt wat hätt kënne besser sinn a villes war schlecht, well mir et net besser woussten. Et war eben anescht!“Glous” ass eng kabarettistesch Liesung aus enger Zäit ouni Handy a Computer, ouni  Kreditkaart a Greta, dofir iewer mat Fräiheet a Gréisst. Mir si mëttes ouni Opsiicht an de Bësch gaangen an owes hu mir op der Strooss Football gespillt. A mir hunn et iwwerlieft. An der Schoul goufen et Punkten a Pouten a jiddereen huet gefëmmt. De Roland Meyer mécht sech mat vill hannerhältegem Humouer an onerwaartem Sproochwitz op d’Sich no enger verluerener Zäit, woubäi hien net ëmmer sécher ass, ob en net just nach ee poléiert Spigelbild dovun erbléckst an ob en se och wierklech erëmfanne wëllt. An trotzdem gloust et nach an eis bannenan, an eis all. 

Roland Meyer, 1963 zu Lëtzebuerg gebuer. Vu Beruff Schoulmeeschter, bestued, zwee Jongen. Hien huet d’“Theaterschoul” vum Educatiounsministère gegrënnt an 10 Joer laang geleet; schafft elo als IEBS. Hie schreift Bicher, Hörspiller, Zeitungsartikelen, Theater- a Cabaretstexter fir Kanner an och fir erwuesse Leit. Seng Bicher “Muedebëtzeg”, “Roughmix” an “Tel Mo” goufen ausgezeechent. Donieft och Musiker, Kabarettist a Regisseur. 2020 koum bei Op der Lay den Erzielband “Glous” eraus.

Liesung am Kader vum Centenaire vun der Diddelenger Bibliothéik