Aktioun Sicona: Wëllplanzesom Lëtzebuerg
LUX-Mëschungen – Zertifizéiert Geseems vun heemesche Wëllplanzen aus regionalem Ubau
Fir d’Biodiversitéit ze ënnerstëtzen ass eng qualitativ héichwäerteg Geseemsmëschung mat Wëllplanzen aus eiser Regioun gëeegent. Den Naturschutzsyndikat SICONA an den Naturmusée schaffen zanter e puer Joer zesumme mat weidere Partner um Opbau vun enger Lëtzebuerger Someproduktioun vu Wëllplanzen. D’Zil ass fir mat Hëllef vu Lëtzebuerger Baueren zertifizéiert Geseems vun heemesche Wëllplanzenaarten ze produzéieren. D’Planze ginn op de Felder no ökologesche Krittären ugebaut, de Som gëtt recoltéiert an d’Firma Rieger-Hofmann stellt d’Geseems dann zu verschiddene Wëllplanzemëschunge fir Lëtzebuerg zesummen.
Gemengen a Privatleit, déi eng Blummewiss op ëffentleche Gréngflächen oder doheem am Gaart uleeë wëllen, recommandéiere mir d’LUX-Mëschunge vun der Firma Rieger-Hofmann. Dës Mëschungen enthalen nëmmen Aarten, déi zu Lëtzebuerg natierlech virkommen a wichteg Fudderplanze fir eis heemesch Päiperleken an aner Insekte sinn. Den Ubau an d’Vermaartung vum Lëtzebuerger Wëllplanzegeseems gëtt an all senge Produktiounsofschnëtt no strenge Krittäre kontrolléiert. Ee Qualitéitssigel bestätegt transparent déi regional Hierkonft vum Wëllplanzegeseems.
Wou kann ee LUX-Mëschunge kafen?
Fir kleng Fläche vu 25–50 m2 kennen 100 g Tute vun den dräi Mëschunge LUX-Blumenwiese, LUX-Schotterrasen a LUX-Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen bei folgende Partner an Ärer Ëmgéigend kaaft ginn:
- Angelduerf, Barenbrug Luxemburg
- Bartreng, a.c.i.e.r. Luxembourg
- Diddeleng, Fondation Kräizbierg
- Kockelscheier, Haus vun der Natur
- Lëtzebuerg, Ëmweltberodung Lëtzebuerg
- Lëtzebuerg, Oekozenter Pafendall
- Lëtzebuerg, Shop vum ‘natur musée’
- Ollem, Naturschutzsyndikat SICONA
- Réiden op der Atert, Op der Schock
- Réiden op der Atert, Waasserhaus
- Useldeng, Tourist Info Wëlle Westen
Weider Informatiounen: www.sicona.lu