Aktioun Wëllplanzesom SICONA
Souhaitez-vous aussi avoir une belle prairie fleurie chez vous? Après l’hiver, c’est le moment de commencer: entre mars et avril il est de nouveau temps de semer !
Pour soutenir les pollinisateurs et la biodiversité, il importe d’opter pour un mélange de semences de haute qualité, composé de plantes sauvages de nos régions. SICONA et le Musée national d’histoire naturelle ont mis en place il y a quelques années, en collaboration avec d’autres partenaires, une production luxembourgeoise de semences de plantes sauvages. L’objectif est de produire des semences d’espèces végétales indigènes avec l’aide d’agriculteurs luxembourgeois de la coopérative agricole Wëllplanzesom Lëtzebuerg-Genossenschaft. Les plantes sont cultivées selon des critères écologiques dans les champs, les semences sont ensuite récoltées et l’entreprise Rieger-Hofmann les rassemble pour composer divers mélanges de semences de plantes sauvages pour le Luxembourg.
Nous recommandons les mélanges LUX de Wëllplanzesom Lëtzebuerg à tous·tes celles et ceux qui souhaitent aménager des prés fleuris chez eux, dans leur jardin ou dans des espaces verts publics. Ces mélanges se composent exclusivement d’espèces naturellement présentes au Luxembourg et étant des plantes nourricières essentielles à nos papillons et autres insectes indigènes.
Où se procurer les mélanges LUX ?
Pour les surfaces de 25 m2 dans les villages et villes, quatre mélanges LUX, « LUX-Blumenwiese » (fr. prairie fleurie), « LUX-Blühender Schotterrasen » (fr. pelouse fleurie en gravier), « LUX-Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen » (fr. bande fleurie pour papillons) et le nouveau mélange « LUX-Fugenmischung » (fr. joints fleuris) sont disponibles en plus grands sachets auprès de la Fondation Kräizbierg à Dudelange.
Venez chercher un échantillon d’un mélange LUX à l’accueil de l’Hôtel de Ville.
Vous trouverez d’autres points de vente et de nombreuses informations supplémentaires sur Wëllplanzesom Lëtzebuerg sous : www.wellplanzen.lu.
–
Wéilt och Dir eng schéi bléiend Blummewiss bei Iech hunn? Nom Wanter geet et lass: Mäerz bis Abrëll ass et nees Zäit fir unzeséien!
Fir d’Bestëbser an d’Biodiversitéit ze ënnerstëtzen ass eng qualitativ héichwäerteg Geseemsmëschung mat Wëllplanzen aus eiser Regioun gëeegent. De Naturschutzsyndikat SICONA an de Naturmusée hunn viru puer Joer zesumme mat weidere Partner eng Lëtzebuerger Someproduktioun vu Wëllplanzen opgebaut. D’Baueren vun der Wëllplanzesom Lëtzebuerg-Genossenschaft produzéieren dëst Geseems vun heemesche Wëllplanzen op hire Felder. D’Planze ginn no ökologesche Krittären ugebaut, de Som gëtt recoltéiert an d’Firma Rieger-Hofmann stellt d’Geseems dann zu verschiddene Wëllplanzemëschunge fir Lëtzebuerg zesummen.
Jiderengem, deen eng Blummewiss bei sech doheem am Gaart oder op ëffentleche Gréngflächen uleeë wëll, recommandéiere mir d’LUX-Mëschunge vum Wëllplanzesom Lëtzebuerg. Dës Mëschungen enthalen nëmmen Aarten, déi zu Lëtzebuerg natierlech virkommen a wichteg Fudderplanze fir eis heemesch Päiperleken an aner Insekte sinn.
Wou kann ee LUX-Mëschunge kafen?
Fir Flächen ëm 25 m2 an den Dierfer a Stied kennen méi grouss Tute vun de véier Mëschungen LUXBlumenwiese, LUX-Blühender Schotterrasen, LUX-Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen an déi nei Mëschung LUX-Fugenmischung bei der Fondatioun Kräizbierg zu Diddeleng kaaft ginn.
Kommt Iech en Echantillon vun enger LUX-Mëschung an den Accueil vun der Diddelenger Gemeng sichen.
Weider Verkafsplazen a vill zousätzlech Informatiounen zum Wëllplanzesom Lëtzebuerg fannt Dir op: www.wellplanzen.lu.
Infos:
Naturschutzsyndikat SICONA
12, rue de Capellen
L-8393 Olm
T : (+352) 26 30 36 25
E : administration@sicona.lu