Wëllplanzesom Lëtzebuerg vum Sicona-Naturschutzsyndikat

Verkafsstart fir den Hierscht an nei Verkafsplazen vun de LUX-Mëschungen.
Ënnerstëtzt eis heemesch Biodiversitéit andeems Dir bei Iech doheem eng Blummewiss uleet. Elo ass dee beschten Zäitpunkt fir mat der Buedemvirbereedung unzefänken a fir Som ze kafen! Fir dass eis Insekten och wierklech profitéiere kënnen, recommandéiere mir Iech d’LUX-Mëschungen.
Dëst Geseems mat wëlle Planzen gëtt am Kader vum Projet „Wëllplanzesom Lëtzebuerg” zu Lëtzebuerg ugebaut an enthält nëmme Som vu Planzen, déi natierlech bei eis virkommen. D’LUX-Mëschunge mussen nëmmen eemol ugeséint ginn an erfreeën Iech an eis Bestëbser dann iwwert vill Joren mat hire faarwege Bléien.
De Stock ass rëm opgefëllt! Dir kënnt déi dräi LUX-Mëschunge vu jeeweils 100 g fir 25–50 Quadratmeter beim SICONA ze Ollem a bei der Fondatioun Kräizbierg zu Diddeleng kafen.

Mir wënschen Iech vill Freed beim Séinen!