ACOUSTIC PICNICS/Social Gaming Luxembourg

🍃 WHERE: Réserve Naturelle Haard
Treffpunkt: 14:45 virum CCRD
🍃 WHEN: 15/08/22

🍃 PROGRAMM
Social Gaming
Gesellschaftsspiller matzen am Gréngen? Maach elo mat! Zesumme mat der Social Gaming a.s.b.l.
»Social Gaming« ass e Club vu Frëndinnen a Frënn, déi vill Freed un all Zort Gesellschaftsspiller huet. Hei leeë mir e besonnesche Wäert op Gemeinschaft an eng gutt Zäit, déi mir matenee verbrénge wëllen. An aus eiser Freed soll och d’Freed vun anere Mënsche ginn. Dofir wëlle mir dës schéi Momenter, déi mir mat eisem Hobby erlieft hunn an ëmmer nach erliewen, och mat anere Leit deelen.
„Acoustic Picnics“ sinn Kënschtler.innen a Conferencieren, déi en eemolegen „unplugged“ Programm ubidden. D’Natur ass d’Bün, ouni Stroum a fossil Energien. An domat och ganz am Sënn vun engem bewossten Ëmgang mat der Ëmwelt, zesumme mat eiser „Zero Waste“ Politik an enger Picknick Offer aus regionale Produiten.
Acoustic Picnics ass en enkt, wéi och en exklusiivt Zesummespill tëscht Artist.in a Publikum mat Momenter fir ze danzen, nozedenken, ze sangen oder souguer ze meditéieren.

Centre Culturel opderschmelz

Accès/Anreise/ Access :

Bus: Ligne 8 – arrêt centre culturel opderschmelz /CNA

Train/Zug/train : 60A – arrêt Dudelange-Centre

Vël’OK: station parvis centre culturel opderschmelz/CNA

Parking Vélos/ Fahrradständer / Bike racks: parvis centre culturel opderschmelz

Infos : www.mobiliteit.lu www.velok.lu

15.08.2022 15:00
  Parc Naturel Haard