ACOUSTIC PICNICS/Spillnomëtteg fir Kanner an Erwuessener

🍃 WHERE: Réserve Naturelle Haard
Treffpunkt: 13:30 virum CCRD
🍃 WHEN: 11/08/22

🍃 PROGRAMM
Spillnomëtteg fir Kanner an Erwuessener
Fir een Nomëtte vergiesse wien een am Alldag ass. Wéi al een ass, an ob dat wat ee grad mécht wierklech sënnvoll ass, spillt déi puer Stonnen och keng Roll.
Fir een Nomëtten einfach sinn, mat anere Mënschen déi och kuerz lass loosse wëllen, an zesummekomme fir ze spillen. Ouni Gewënner an ouni Verléierer, ass eist eenzegt Ziel en faarwegen Nomëtte matenee ze verbréngen. Wärend véier Stonnen si mir op der Haart, an eng Geschicht gëtt virgelies.
Awer net bis zu Schluss, wéi et weider geet decidéiert dir. Zesumme versetzen eis an eng Welt déi mir gemeinsam mat Fantasie, Bengelen a faarwege Saachen ausbauen a beliewen.
Mol kann een deem bonten Dreiwen nokucken, dann baut ee vläicht selwer eppes, begéint engem Personnage, an eventuell huet ee souguer selwer Loscht fir ee Moment an eng aner Roll ze schlüpfen?! Dat hänkt ganz vun ärem Charakter an ärer Loscht deen Dag of. Näischt muss, alles kann.
Esou vill kann ech iech awer elo scho verroden: eppes z’iessen an eppes ze drénke kann op der Rees näischt schueden, a vläicht fält iech jo sos nach eppes an wat dir kéint matbrénge fir eis Geschicht ze beräicheren?
„Acoustic Picnics“ sinn Kënschtler.innen a Conferencieren, déi en eemolegen „unplugged“ Programm ubidden. D’Natur ass d’Bün, ouni Stroum a fossil Energien. An domat och ganz am Sënn vun engem bewossten Ëmgang mat der Ëmwelt, zesumme mat eiser „Zero Waste“ Politik an enger Picknick Offer aus regionale Produiten. Acoustic Picnics ass en enkt, wéi och en exklusiivt Zesummespill tëscht Artist.in a Publikum mat Momenter fir ze danzen, nozedenken, ze sangen oder souguer ze meditéieren.

Centre Culturel opderschmelz

Accès/Anreise/ Access :

Bus: Ligne 8 – arrêt centre culturel opderschmelz /CNA

Train/Zug/train : 60A – arrêt Dudelange-Centre

Vël’OK: station parvis centre culturel opderschmelz/CNA

Parking Vélos/ Fahrradständer / Bike racks: parvis centre culturel opderschmelz

Infos : www.mobiliteit.lu / www.velok.lu

11.08.2022 13:30
  Parc Naturel Haard