Diddelenger Geschicht(en) | Paul Schalz

40 Joer nom Enn vun der Flëssegphase bäi ARBED Diddeleng, den 30.11.1984, befaasst sech dem Paul Schalz seng Konferenz ëm verschidden technesch Aspekter vun der Schmelz, woubäi ënner aneren d’Spezifizitéit vum Diddelenger a Lëtzebuerger Eisenäerz, déi Diddelenger Héichiewen an d’Wierklokomotiven zur Sprooch kommen.

Hie stellt dësen Owend och säin neit Buch vir :

Dudeville – Usines

Geschichten iwwert eng fiktiv an eng reell Schmelz am Minett

De Conferencier huet nämlech eng Modelleisebunn gebaut, déi als Haaptthema d’Eisenindustrie am Minett huet, woubäi hien sech virun allem un der Diddelenger Schmelz inspiréiert huet, ouni awer direkt eppes nozebauen.

25.11.2024 20:00
  opderschmelz - Petit Auditoire