Formatioun: 1. Hëllef fir mental Gesondheet
All Joer leit eng vu véier Persounen hei zu Lëtzebuerg un enger psychescher Erkrankung. Léiert an dëser gratis Formatioun fir Erwuessener, wéi Dir enger Persoun hëllefe kënnt, déi Zeeche vu mentale Gesondheetsproblemer weist oder duerch eng Kris geet.
D’Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet:
- op Lëtzebuergesch
- an der Gemeng (Salle Nic Birtz, 1. Stack)
- setzt sech zesummen aus 4 Sessiounen
- Mëttwochs 18:30-21:30:
- 4. Juni 2025
- 11. Juni 2025
- 18. Juni 2025
- 25. Juni 2025
GRATIS Umeldung
- bis den 30. Mee 2025:
- gesonddiddeleng@dudelange.lu oder
- Tel.: 51 61 21 576
- D’Plaze sinn op 20 Leit limitéiert.
- Opgepasst! Wann Dir Iech fir d’Formatioun aschreift, sidd Dir gebieden un deene 4 Sessiounen deelzehuele fir dass Dir Ären Zertifikat kënnt kréien.
Organiséiert gëtt d’Formatioun vum Aarbechtsgrupp Gesond Diddeleng an Zesummenaarbecht mam Service à l’Égalité des chances an der Ligue Santé Mentale.
–
Accès:
- Bus 4/5/8/9/10/631/DudBus1 > Gemeng
- Zuch CFL 60a > Dudelange-Centre
- Vël’Ok > Pl. Hôtel de Ville
- www.mobiliteit.lu/www.velok.lu