Kreative Schreifatelier
Schreif, wéi de Schniewel gewuess ass
Eng kreativ Schreifrees am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch
Sam. 26.09.2926 / 14:30-16:30
Bibliothèque Publique Régionale de Dudelange
- Schreifatelier op Lëtzebuergesch mam Manon Della Siega
- Fir Erwuessener a Jonker ab 13 Joer
- D’Plaze si limitéiert, gratis Entrée op Reservatioun: T 51 61 21 250, bibliotheque@dudelange.lu
Wierder kënnen danzen, Ausdréck kënnen iwwerraschen, an heiansdo verstoppt sech hannert engem klenge Saz eng ganz Geschicht. D’Lëtzebuerger Sprooch ass e klenge Schatz voll mat drolegen Iddien, faarwege Biller a witzegen Ausdréck. An dësem Atelier sammele mir Wierder wéi kleng Schätz, dréinen se op de Kapp, ginn hinnen nei Flilleken a loossen eis vun hinnen inspiréieren. Hei dierf mat de Wierder gespillt, gelaacht, jongléiert a virun allem geschriwwe ginn – fräi, kreativ a mat vill Freed. Komm mat op eng Rees duerch déi faarweg Welt vun de lëtzebuergesche Wierder an Ausdréck. A schreif… wéi de Schniewel gewuess ass.
Bibliothèque Publique Régionale
24 rue du Commerce, L-3450 Dudelange
Tél: 516121 – 250
bibliotheque@dudelange.lu






