Diddelenger Geschicht(en) | Jean-Claude Müller
Vum Éisléck an de Massif Central : D’Krichsmémoire vum Diddelénger Benediktinerpater Thiel
De 15. Januar 1941 sinn d’Cliärrwer Benediktinerpatren duerch d’Gestapo aus der Abtei verdriwwe ginn. De Pater Bernard-Jacques THIEL (1892-1964) vun Diddeléng konnt mat 2 Valissen fortlafen a gouf duerch Kliärrwer Patrioten op Léiler gefouert, wou hien iwwer 2 Joër am Paschtoueschhaus verstoppt war. Nom Streik vun 1942 ass hien zesumme mat Refraktären mam Zuch op Clermont-Ferrand geflücht a war bis Januar 1946 heemlech Paschtouer an deer klénger Por Singles am Massif Central.






