Diddelenger Geschicht(en) | Zoé Konsbrück
« Fir dass Diddeleng Diddeleng bleift » – Protestformen zu Diddeleng wärend der Stolkris
Am November 1984 huet zu Diddeleng déi eelst integréiert Schmelz vum Land hir Dieren zougemaach. D’Gemengepolitik, d’Bevëlkerung an d’Aarbechter hunn dëser Entwécklung net einfach nogekuckt. Wéi huet eng Stad sech gewiert, där hir Schmelz net nëmmen Aarbechtsplaz, mee och Deel vun hirer Identitéit war? An dësem Virtrag geet d’Zoé Konsbruck, Doktorandin um Centre for Contemporary and Digital History (C²DH), deene verschiddene Forme vu Protest a Widderstand zu Diddeleng wärend der Stolkris no. Vun der grousser Manifestatioun vum 6. November 1977 iwwer d’Interpellatioune vum deputé-maire Nicolas Birtz an der Chamber bis bei d’Aarbechter, déi sech am Januar 1984 um Krautmaart versammelt hunn, fir der Chamber e Bréif ze iwwerreechen.






