Diddelenger Geschicht(en) | Henri Glesener

Groussalarm zu Diddeleng – e Réckbléck ob markant a geféierlech Situatiounen
🗓️23.11.2026
⏰20h00
Diddeleng huet an der Vergaangenheet ëmmer nees aussergewéinlech a geféierlech Situatiounen erlieft, bei deenen d’Pompjeeën an d’Noutdéngschter viru grouss Erausfuerderunge stoungen. Vum groussen Asaz bei der Texaco bis zu anere markanten Interventiounen: dës Konferenz mécht e Réckbléck op Evenementer, déi sech an d’Erënnerung vun eiser Stad agepräägt hunn. Mat zum Deel nach ni gewise Fotoen a rare Filmopname ginn dës wichteg Kapitele vun der Diddelenger Geschicht nees lieweg
23.11.2026 20:00
  opderschmelz