Sécher am Internet ënnerwee sinn!
Info-Sessioun fir Elteren a Workshops fir Kanner op Lëtzebuergesch.
Info-Sessioun fir Elteren : Wéi kann ech mäi Kand sécher an der digitaler Welt begleeden?
- Donneschdeg, 12.11.2026, 18:00-20:00, Hôtel de Ville (Salle Nic. Birtz)
Et vergeet kaum een Dag, wou een net online ass. Ma wat kann een als Eltere maachen, fir dëst Erliefnis sou sécher wéi méiglech fir seng Kanner ze gestalten? Wéi eng Risike ginn et? Wéi kann ech mäi Kand sécher an der digitaler Welt begleeden? All dës Themen, a ganz vill anerer, ginn an dëser Info-Sessioun behandelt.
Gratis Umeldung
Bis spéitstens de 5. November 2026 per Mail op jeunessefamille@dudelange.lu.
Gitt bei der Umeldung wgl. ären Numm, Virnumm an eng Telefonsnummer un.
–
Workshop fir Kanner vu 7 – 9 Joer: Die Abenteuer von Captain Kara
- Dënschdeg, 9.3.2027, 14:30-16:30, Hôtel de Ville (Salle Nic. Birtz)
Hei nach schnell eng Foto verschéckt, do mol op e Link geklickt. Ma wéi oft denkt een sech duerno, ob dat wierklech eng gutt Iddi war? Unhand vun engem Zeechentrickfilm gi verschidde Situatiounen thematiséiert, fir esou méi e verantwortungsvollen Ëmgang am Netz ze erméiglechen a sech de Risike bewosst ze sinn. Ob dubiéis E-Mailen, den Ëmgang mat privaten Donnéeën, Cybermobbing oder awer och Fake-Profiller am Internet, all dëst beschwätze mer zesummen an dësem Workshop!
Gratis Umeldung
Bis spéitstens den 2. Mäerz 2027 per Mail op jeunessefamille@dudelange.lu.
Gitt bei der Umeldung wgl. den Numm a Virnumm, souwéi de Gebuertsdatum vum Kand an eng Telefonsnummer un.
Wichteg: D’Kanner gi wärend der Dauer vum Workshop vun der Coordinatrice vum Service Jeunesse, Famille & Senior·es encadréiert. Eng Presenz vun den Elteren ass net noutwendeg.
–
Workshop fir Kanner vu 7 – 9 Joer: Superhelden im Einsatz gegen Cyber-Mobbing
- Dënschdeg, 27.4.2027, 14:30-16:30, Hôtel de Ville (Salle Nic. Birtz)
Du krus scho vläicht iwwert d’sozial Medie Kommentarer, déi dech verletzt hunn? Oder du krus mat, wéi ee vun denge Frënn oder Frëndinne vun aneren iwwer Message schlecht behandelt goufen? Da komm a maach Bekanntschaft mam Panda Wanda! Op eng spilleresch Aart a Weis léiere mer Cybermobbing ze erkennen a gesinn och, wéi mer eis an déi aner viru Cybermobbing schütze kënnen. De Panda Wanda begleet eis duerch déi verschidden Abenteuer, a wie weess, vläit gëtt deen een oder aneren an de Superhelde Club opgeholl!
Gratis Umeldung
Bis spéitstens den 20.4.2027 per Mail op jeunessefamille@dudelange.lu.
Gitt bei der Umeldung wgl. den Numm a Virnumm, souwéi de Gebuertsdatum vum Kand an eng Telefonsnummer un.
Wichteg: D’Kanner gi wärend der Dauer vum Workshop vun der Coordinatrice vum Service Jeunesse, Famille & Senior·es encadréiert. Eng Presenz vun den Elteren ass net noutwendeg.
–
Eng Initiative vum Service Jeunesse, Famille & Senior·es vun der Stad Diddeleng zesumme mat Bee Secure.
–
INFOS
Service Jeunesse, Famille & Senior·es
Barbara De Matteis
T 516121-6621
jeunessefamille@dudelange.lu






