BeeSecure-Workshop fir Kanner
Die Abenteuer von Captain Kara
- Workshop fir Kanner vu 7 – 9 Joer
- Dënschdeg, 9.3.2027, 14:30-16:30, Hôtel de Ville (Salle Nic. Birtz)
Hei nach schnell eng Foto verschéckt, do mol op e Link geklickt. Ma wéi oft denkt een sech duerno, ob dat wierklech eng gutt Iddi war? Unhand vun engem Zeechentrickfilm gi verschidde Situatiounen thematiséiert, fir esou méi e verantwortungsvollen Ëmgang am Netz ze erméiglechen a sech de Risike bewosst ze sinn. Ob dubiéis E-Mailen, den Ëmgang mat privaten Donnéeën, Cybermobbing oder awer och Fake-Profiller am Internet, all dëst beschwätze mer zesummen an dësem Workshop!
Gratis Umeldung
Bis spéitstens den 2. Mäerz 2027 per E-Mail op jeunessefamille@dudelange.lu.
Gitt bei der Umeldung wgl. den Numm a Virnumm, souwéi de Gebuertsdatum vum Kand an eng Telefonsnummer un.
Wichteg: D’Kanner gi wärend der Dauer vum Workshop vun der Coordinatrice vum Service Jeunesse, Famille & Senior·es encadréiert. Eng Presenz vun den Elteren ass net noutwendeg.
–
Eng Initiative vum Service Jeunesse, Famille & Senior·es vun der Stad Diddeleng zesumme mat Bee Secure.
–
INFOS
Service Jeunesse, Famille & Senior·es
Barbara De Matteis
T 516121-6621
jeunessefamille@dudelange.lu






