BeeSecure-Workshop fir Kanner
Superhelden im Einsatz gegen Cyber-Mobbing
- Workshop fir Kanner vu 7 – 9 Joer
- Dënschdeg, 27.4.2027, 14:30-16:30, Hôtel de Ville (Salle Nic. Birtz)
Du krus scho vläicht iwwert d’sozial Medie Kommentarer, déi dech verletzt hunn? Oder du krus mat, wéi ee vun denge Frënn oder Frëndinne vun aneren iwwer Message schlecht behandelt goufen? Da komm a maach Bekanntschaft mam Panda Wanda! Op eng spilleresch Aart a Weis léiere mer Cybermobbing ze erkennen a gesinn och, wéi mer eis an déi aner viru Cybermobbing schütze kënnen. De Panda Wanda begleet eis duerch déi verschidden Abenteuer, a wie weess, vläit gëtt deen een oder aneren an de Superhelde Club opgeholl!
Gratis Umeldung
Bis spéitstens den 20.4.2027 per E-Mail op jeunessefamille@dudelange.lu.
Gitt bei der Umeldung wgl. den Numm a Virnumm, souwéi de Gebuertsdatum vum Kand an eng Telefonsnummer un.
Wichteg: D’Kanner gi wärend der Dauer vum Workshop vun der Coordinatrice vum Service Jeunesse, Famille & Senior·es encadréiert. Eng Presenz vun den Elteren ass net noutwendeg.
–
Eng Initiative vum Service Jeunesse, Famille & Senior·es vun der Stad Diddeleng zesumme mat Bee Secure.
–
INFOS
Service Jeunesse, Famille & Senior·es
Barbara De Matteis
T 516121-6621
jeunessefamille@dudelange.lu






