Kannerliesung

De klengen Här Bellibimbam an de Monsieur Lugaru

Samschdeg, 10.10.2026 / 10h30-11h15
Bibliothèque Publique Régionale (24 rue du Commerce)

De klengen Här Bellibimbam souz bei sech doheem an e war immens zefridde mat sech a grad esou zefridde mat der Welt. An dunn huet et un der Dier geklappt. Dobausse stoung de groussen Här Lugaru, ma de klengen, couragéierten Här Bellibimbam léisst hien eran an zerwéiert him all Méigleches z‘iessen an ze drénken a léisst en iwwert d‘Nuecht bei sech raschten. Den Dag drop gi mir gewuer, dass vill Leit am Duerf Angscht virum Här Lugaru hunn, an den Här Bellibimbam versteet net, firwat. Den Här Lugaru, duerch seng Stäerkt an Hëllefsbereetschaft, ka lues a lues d‘Vertraue vun den Duerfleit gewannen, ma nach laang net vun allen… Ob den Här Lugaru sech dann elo awer erëm muss op de Wee maachen?

Bibliothèque Publique Régionale
24 rue du Commerce, L-3450 Dudelange
T 516121 – 250
bibliotheque@dudelange.lu

10.10.2026 10:30 - 10.10.2026 11:15
  Bibliothèque