Kannergemengerot – Wat ass alles geplangt?

Kannergemengerot

Eise Kannergemengerot ass säit der Rentrée am September nees ganz aktiv. D’Kanner hu scho vill flott Theme konnten uschwätzen. Si hunn sech bis elo siwe Mol getraff, fir hir Iddien auszetauschen an iwwert hir gemeinsam Projeten ze schwätzen.

Si wënschen sech ënnert anerem méi Natur an de Schoulhäff. Besonnesch um Häerz leien hinnen d’Insekten an d’Déieren, well och si sollen dovunner profitéiere kënnen.

Ausserdeem wënschen sech d’Kanner, dass si méi staark fir Theme wéi Diversitéit a géigesäitege Respekt sensibiliséiert ginn. Si wëllen sech och gemeinsam fir d’Wuelbefanne vun all Kand staark maachen.

Ee wichtege Moment vum Kannergemengerot war den 13. Dezember 2025, wéi d’Kanner vum Buergermeeschter Dan Biancalana offiziell vereedegt goufen. Mat dobäi waren och Membere vum Gemengerot an d’Elteren. D’Kanner hunn hir Missioun houfreg ugeholl a si motivéiert, aktiv an all Sitzung vum Kannergemengerot matzeschaffen.

Photos © Marc Lazzarini

Freet Iech op d’Projeten, déi deemnächst an de verschiddenen Schoule starten.

Audio: Wann Dir op den Audio hei ënnendrënner klickt, kënnt Dir lauschtere, wat de Kannergemengerot alles geplangt huet!

Conseil communal des enfants

Notre conseil communal des enfants est à nouveau très actif depuis la rentrée scolaire de septembre. Les enfants ont déjà pu discuter de nombreux sujets intéressants. Ils se sont réunis sept fois jusqu’à présent pour échanger leurs idées et parler de leurs projets communs.

Ils aimeraient notamment voir davantage de nature dans les cours d’école. Ils se préoccupent particulièrement des insectes et d’autres animaux, qui devraient aussi pouvoir en profiter.

En outre, les enfants aimeraient être davantage sensibilisés à des thèmes tels que la diversité et le respect mutuel. Ils veulent également travailler ensemble pour défendre le bien-être de chaque enfant.

Le 13 décembre 2025 fut un moment clé pour le Conseil communal des enfants, puisqu’ils ont été officiellement assermentés par le bourgmestre Dan Biancalana. Des membres du conseil communal et des parents étaient également présents. Les enfants ont fièrement embrassé leur mission et sont motivés pour participer activement à chaque réunion du Conseil communal des enfants.

Nous attendons avec impatience les projets qui seront bientôt lancés dans les différentes écoles.

Audio : en cliquant sur l’audio ci-dessous, vous pouvez écouter ce que le conseil communal des enfants a planifié !

 

Photos © Marc Lazzarini