Formation: 1. Hëllef fir mental Gesondheet
All Joer leit eng vu véier Persounen hei zu Lëtzebuerg un enger psychescher Erkrankung. Léiert an dëser gratis Formatioun fir Erwuessener, wéi Dir enger Persoun hëllefe kënnt, déi Zeeche vu mentale Gesondheetsproblemer weist oder duerch eng Kris geet.
D’Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet:
- setzt sech zesummen aus 4 Sessiounen
- op Lëtzebuergesch
- an der Gemeng (Salle Nic Birtz, 1. Stack)
- D’Plaze sinn op 20 Leit limitéiert.
- Dës Formatioun ass gratis.
Wéini?
- Dënschden, den 9. Juni 2026, 18:30-21:30
- Donneschden, den 11. Juni 2026, 18:30-21:30
- Dënschden, den 16. Juni 2026, 18:30-21:30
- Donneschden, den 18. Juni 2026, 18:30-21:30
Umeldung
- bis den 2. Juni 2026: gesonddiddeleng@dudelange.lu oder Tel.: 51 61 21 576
- Opgepasst! Wann Dir Iech fir d’Formatioun aschreift, sidd Dir gebieden un deene 4 Sessiounen deelzehuele fir dass Dir Ären Zertifikat kënnt kréien.
Urees:
- Bus 5, 8, 9, 10, 631, DudBus1 > Gemeng
- Zuch CFL 60a > Dudelange-Centre
- Vël’Ok > Pl. Hôtel de Ville
- Infos: www.mobiliteit.lu/www.velok.lu
Organiséiert gëtt d’Formatioun vun der Kommissioun Gesond Diddeleng an Zesummenaarbecht mam Service à l’Égalité des chances an der Ligue Santé Mentale.






