Kanner begleeden, Famillje stärken
Zesumme mat der Eltereschoul Janusz Korczak invitéiert d’Stad Diddeleng op follgend zwou Konferenzen:
Et gëtt een net als Grousseltere gebuer
Donneschden 21.10. / 18:00-20:00 / Gemeng, Sall Nic Birtz
Wéi ass et hautdesdaags Grousselteren ze sinn?
Wéi eng Erausfuerderungen an Erwaardunge sinn domat verbonnen?
Gratis Umeldung bis de 16.10. op: jeunessefamille@dudelange.lu (Numm, Virnumm, Telefonsnummer).
Work-Life-Family Balance
Mëttwoch 2.12. / 18:00-20:00 / Gemeng, Sall Nic Birtz
Wéi definéiert sech dëst Konzept?
Wéi fënnt een ee gesonden Equiliber tëscht berufflechen a familiäre Responsabilitéiten?
Gratis Umeldung bis de 27.11. op: jeunessefamille@dudelange.lu (Numm, Virnumm, Telefonsnummer).
Infos
Service Jeunesse, Famille & Senior·es
T 516121-6621
jeunessefamille@dudelange.lu






