Diddelenger Geschicht(en) – Industrialiséierung a Besëtz

De Virtrag vum Tiago Ferreira Flores befaasst sech mat der Entwécklung vun der Land- an Immobiliestruktur zu Diddeleng vun 1824 bis 1938. Baséierend op den Donnéeë vum Kadaster, ënnersicht hie wéi déi wirtschaftlech an demographesch Entwécklungen an der Stad d’Unzuel un Hausbesëtzer drastesch erhéicht huet, wéi d’Schmelz un den néidege Grondbesëtz fir hir Aktivitéit komm ass, a wéi déi al-etabléiert Familljen et trotz allem hikruten hire Grondbesëtz konzentréiert ze halen.

Organiséiert vum CCRD opderschmelz a Les Amis de Dudelange et du Mont Saint-Jean

03.07.2023 20:00