Expo: Tambow Lager 188
Eng Ausstellung iwwer d’Schicksal vun de Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten a sowjetescher Gefaangenschaft.
En déifgräifenden Abléck an d’Geschicht (1943-1945), deen d’Erënnerung un d’Affer waach hält a viru Krich warnt.
Am Hall vun der Gemeng Diddeleng. Organiséiert vun der Amicale des Enrôlés de Force, victimes du Nazisme Dudelange
Vum 16. bis den 20. November wärend den normalen Ëffnungszäite vun der Gemeng.
Q&A | Froen & Äntwerten:
- Dënschdes, den 17.11. tëscht 14-16 Auer
- Mëttwochs, den 18.11. tëscht 17-19 Auer
- Donneschdes, den 19.11. tëscht 10-12 Auer
–
Film: Operatioun Pauly
Dramatesch Flucht vu véier Häftlingen, dorënner zwee Lëtzebuerger, aus engem Niewelager vum KZ Buchenwald.
Freides, den 13.11.26 20:00 Auer am Ciné Starlight – Den Entrée ass fräi.
Kleng Ausstellung mat Originalmaterial vum Filmset.
Q&A | Froen & Äntwerten am Uschloss un de Film
Är Platze kënnt Dir reservéieren online op www.cinestarlight.lu
Ciné Starlight
18, rue du Centenaire
L-3475 Dudelange
–
Source Image: Das Leid der Kriegsgefangenen in Tambow. Eine Zeichnung des elsässischen Zwangsrekrutierten A. Thiam.






