Gesondheetsquiz
Mardi 10.11.26 / Hall polyvalent (Google Maps)
Dir interesséiert Iech fir d’Thema Gesondheet an hutt Loscht op e flotten Owend?
Da kommt op de grousse Gesondheetsquiz, organiséiert vun der Stad Diddeleng an der Kommissioun „Gesond Diddeleng“! Bei dësem Quiz dréint sech alles ëm d’Thema Gesondheet: Allgemengwëssen iwwert de Kierper, Sport, Ernärung, asw.
- Maximal 6 Leit pro Ekipp
- Präis: 10€ pro Persoun (dir kënnt op der Plaz bezuelen, boer oder mat Kaart)
- Zerwéiert gëtt Lasagne, och fir Vegetarier
- D’Recettë si fir e gudden Zweck!
Mellt Iech séier un!
- gesonddiddeleng@dudelange.lu oder
- Tel. 51 61 21 -576
–
Urees
- Bus 8 / Dudbus1 > Nuddelsfabrik
- Bus 4, 5, 9, 631 > Gare
- Train/Zug 60a > Dudelange-Ville
- Vël’Ok > Gare
- www.mobiliteit.lu / www.velok.lu







