Héngerhautgeschichten

Ee Grujel- a Gespenstergeschichteprogramm, ausgeduecht an erzielt vum Betsy Dentzer a musikalesch vergrujelt vum Louisa Marxen.

HéngerhautGeschichten ass en Erzielstéck mat Musek. De Public soll zesummen zidderen, matenee féiweren, sech zesummen an d’Geschichtewelten erandenken. En abstrakt Spill mat Luucht, Schiet ma och mat der absoluter Däischtert, souwéi d’Spill mat verschiddenen Instrumenter an Objet’en, sollen d’Fantasie weider befliggelen an op eng simpel Art a Weis dat Erzieltent spilleresch visualiséieren. Och d’Ouere kommen net ze kuerz: Bruitage, Musek, mee och d’Stëllt fuerderen d’Virstellungs- kraaft vun all Eenzelnen eraus an erméigleche ganz eege Gedankewelten. De Publikum sëtzt dobäi no um Bünegeschéien, wat en Andauchen an déi erzielte Welten méi einfach mëscht.

Alter : 6+ / C.1.2 +

Dauer: +/- 40 Minutten

Sprooch: Lëtzebuergesch

 Fir d’Umeldungen vir eng Seance Scolaire kenn dir iech beim Marlène Kreins melle: marlene.kreins@dudelange.lu

10.11.2026 15:00
  opderschmelz