Handsome enough to tempt me

Jane Austen: Wierk an Adaptatioun(en)
Samschdeg, 21.03.2026 vun 10:00-12:00
Ciné Starlight (CNA)

Den 250. Gebuertsdag vun der brittescher Schrëftstellerin Jane Austen ass déi ideal Geleeënheet fir eng Konferenz iwwert dës Ikon aus der brittescher Literatur ze organiséieren. Wierker ewéi „Pride and Prejudice“, „Emma“ oder „Sense and Sensibility“ waren net nëmmen zu Liefzäite vun der Schrëftstellerin beléift, mee gi bis haut vu Lieser*innen op der ganzer Welt verschlongen a gëllen als Inspiratioun fir vill Adaptatiounen an diverse Medieformen. Op dëser Konferenz gëtt d’Jane Austen mat hirem Wierk virgestallt an an de literaturgeschichtleche Kontext gesat. Uschléissend erhaalt Dir een Iwwerbléck vun de wichtegsten Adaptatiounen, ob a Form vu Buch, Film, Serie oder anerem Medium, a kritt e Gefill dofir, wéi een Impakt d’Jane Austen haut nach op d’Mediewelt huet.

INFOS

Bibliothèque publique régionale
T 516121 -250 / bibliotheque@dudelange.lu
www.bibliodudelange.lu

21.03.2026 10:00 - 21.03.2026 12:00
  Bibliothèque