Kannerliesung mam Anja Di Bartolomeo

D’Schrëftstellerin erzielt aus hierem neie Buch “Toni Konfettoni”

  • Samschdes, den 2. Dezember 2023 vun 11-12 Auer
  • Diddelenger Bibliothéik (24 rue du Commerce)
  • Fir Kanner vu 4-7 Joer, op Lëtzebuergesch.
  • Bréngt äert Kuscheldéier mat !

Den Toni ass ee Fuuss, dee seng Fuussefrënn mat senger gudder Laun, sengem Danzen a sengem Laachen ëmmer eng fuusseg Freed mécht. Mee enges Daags kribbelt et an de Been an déi kleng Seechomessen an de Patte loossen hie bemol net méi sou héich sprange wéi soss an och danze kann hien net méi. En huet einfach keng Energie a keng Kraaft méi. An da fänkt en och nach u faarweg ze ginn: Lauter Tëppele maache sech op sengem Pelz breet a loossen e ganz eegenaarteg ausgesinn. – Wéi wann dat net alles scho schwéier genuch ze erdroe wier, zéie seng Frënn sech zréck, si wëllen net méi mat hirem Frënd spillen a kënnen näischt mat deem „Konfettimonster“ ufänken. Den Toni fillt sech eleng a wënscht sech näischt méi, wéi erëm esou ze sinn, wéi déi aner. Mee wéi soll dat goen? Kann d’Zaubermaus Kamella Pop him dobäi hëllefen? Oder gëtt en anere Wee, fir esou akzeptéiert ze ginn, wéi en elo ass?

Fir de 25. Gebuertsdag vun ALAN ASBL – Maladies Rares Luxembourg ass d’Buch Toni Konfettoni an Zesummenaarbecht vun der Schrëftstellerin, zweefach Gewënnerin vum Concours littéraire national an ALAN-Präsidentin Anja Di Bartolomeo, an der Illustratrice Snejana Granatkina entstanen. Ee Buch iwwert ee liewensfroue Fuuss, deen duerch eng kierperlech Verännerung op eemol ausgegrenzt gëtt a sech nees zréck a säin normaalt Liewe wënscht.

Gratis Entrée op Reservatioun:
Tel. 516121-250 / bibliotheque@dudelange.lu

02.12.2023 11:00 - 02.12.2023 12:00
  Bibliothèque