Summerstage

Am flotte Kader vum Parc Le‘h trieden de 15. Juli d’Diddelenger Stadmusek (HMD) a Gäschtzesumme fir den traditionelle Summerstage-Concert op, bei deem dës Kéier méi oder manner rezent Poplidder am Mëttelpunkt stinn.

Special guests : als Sänger sinn d‘Ingrid Schwarz-Lurf, dat de Moment an der regionaler Museksschoul zu Diddeleng Gesangsunterrecht am Beräich Jazz/Rock/Pop gëtt, den Armand Thies, deem säi Fokus op Rock/Pop, respektiv Swing/Jazz läit, d‘Sandra Morroni, dat net nëmme Member vun der Diddelenger Stadmusek ass, mä och als Sängerin am Vokalensembel „The Duke’s Singers“ aktiv ass, an d’LuanaCardoso, och Member vun der HMD a Sängerin vum Diddelenger Museksenseignant Joël Hayard senger Combo.

Um Programm stinn ë.a. d’Lidder „Valerie“ (Amy Winehouse), „Thriller“ (Michael Jackson), „Skyfall“ (Adele) a „Music“ (John Miles), genee wéi „The Best of Roger Cicero“ an e „Robbie Williams Medley“.

FRÄIEN ENTRÉE

WEIDER INFOS

 

Accès/Anreise

Bus 10 – Arrêts/Haltestellen Waldschoul ou/oder Rue Nic Biever

Parking: Parc Le’h

Vël’OK – Parc Le’h

Parking à vélos / Fahrradständer

Infos : www.mobiliteit.lu / www.velok.lu

15.07.2022 - 15.07.2022
  Parc Le'h
  Place Marc Zanussi